E Chrëschtdagscadeau fir d'Ausliwwerungsmataarbechter.

Vill Leit kafen hir Chrëschtdagscadeaue mëttlerweil online a loosse se sech heemliwweren. Manner Stress fir eis, mee méi fir déi, déi ausliwweren. Fir si ass et déi ustrengendst Joreszäit. Genee aus dem Grond, wëll eng US-amerikanesch Famill och mol deene Merci soen, déi dofir suergen, datt eis Cadeaue esou stressfräi ënnert dem Beemche leien. D’Ausliwwerungsmataarbechter kënne sech virun der Dier an der Schneeckkëscht zerwéieren.

Am Video gesäit een e Mann deen eng Këscht bréngt an éier hie se ka bei d’ Dier stellen, mierkt en, datt do och e klenge Cadeau vir hien eraus geluecht gouf. Wéi dee sech freet, kënnt der Iech am Video ukucken.

Vläicht och eng Iddi fir bei iech?