E Camionschauffer huet sech wärend senger Rees op erotesch Aart a Weis entertaine gelooss, elo muss hien eng Strof vun 150€ bezuelen.

An Rheinland-Pfalz, Däitschland, ass e Mëttwoch den Owend e Camionschauffer gestoppt ginn, deen der Police opgefall war well hie Schlaangelinne gefuer ass. Et huet sech erausgestallt: Den Här hat näischt gedronk.

De Chauffeur deen de Beamten an der Géigend vu Birkweiler opgefall war gouf, well d'Unzeechen dorop higewisen hunn, datt e wuel alkoholiséiert war, direkt dorop kontrolléiert.

Entgéint de Vermuddunge vun de Beamten hat den Här keen Alkohol am Blutt - ma et huet sech erausgestallt, datt e wärend senger Rees vun engem "Erotikfilm" ofgelenkt gouf. Eegenen Aussoen no war de Camionschauffer net ganz konzentréiert, wat dozou gefouert huet, dass en liicht am Zick-Zack gefuer wier.

De Mann huet missen eng Strof vun 150 Euro bezuele well hien een elektronescht Gerät wärend dem Fuere benotzt huet.

Zu Schuede komm ass bei der ganzer Aktioun zwar keen, trotzdeem denkt drun: Benotzt är Geräter (egal fir wéi eng Filmer) net beim Fueren.

fannt dir de ganze Bericht vun der Police.