Mat dem Bracelet wollt sech d'Koppel zu méi Sport motivéieren, ma déi huet nach vill méi Aktivitéiten ugewise wéi gewënscht.

E Partner, deen ëmmer méi distanzéiert wierkt, Lëppestëft um Hiem oder Noriichte vun enger friemer Nummer - Unzeechen, datt de Partner friemgeet ginn et der vill. Ma eng Fitness-App gehéiert meeschtens net dozou.

Anescht wéi bei der NFL-Korrespondentin Jane Slater, déi huet tatsächlech duerch "FitBit" erausfonnt, datt hire Frënd friemgeet. Fir Chrëschtdag hat hire Partner dës Bracelete kaf an déi goufen natierlech och direkt synchroniséiert, esou datt si sech géigesäiteg motivéiere kéinten. Ma genee dat ass dem Mann schlussendlech zum Verhängnes ginn.

D'App huet der Fra nämlech direkt Bescheed gesot, wéi hire Mann sech kierperlech betätegt huet an dat matten an der Nuecht. Kuerz virdru stoung d'Jane Slater nach viru senger Dier an hat sech gewonnert, datt hire Frënd net doheem war. Wou genee dëse sech erëmgedriwwen huet gouf zwar net ugewisen, ma wann d'"FitBit"-App um 4 an der Nuecht eng héich physikalesch Aktivitéit uweist, kann een dovun ausgoen, datt en net um Training ass.

D'Bezéiung war soumat zu Enn, ma eng witzeg Anekdot an e viralen Tweet ass bliwwen. Mëttlerweil kann d'Jane Slater doriwwer laachen an deelt dës Erënnerung mat hire Follower. Wärend déi eng User doropshin hir eegen Erfarunge matgedeelt hunn oder einfach nëmmen iwwert déi ganz Situatioun gelaacht hunn, hunn Anerer d'Iddi ganz praktesch fonnt a sech iwwerluet hirem Partner och esou e Gadget ze schenken.