Eenzeg Bedingung, déi aner Fans dierfen zu kengem Zäitpunkt um Dréchene sëtzen...

De Signal-Iduna-Park zu Dortmund huet méi wéi 80.000 Sto- a Sëtzplazen. Wien esou eng fir en Heemspill ergattere wëll, dee muss ganz vill Gléck hunn. Wien eng Dauerkaart fir d "Süd", déi berüümte schwaarz-giel Mauer hannert engem vun de Goaler wëll hunn, nach méi well déi gi gréisstendeels verierft. Et ginn also vill Fans, déi fir esou en Ticket immens vill géife maachen. A genee dat huet en Essener-Fan-Club op eng Iddi bruecht.

De Sonndeg hunn d'BVB-Fans, déi en Ticket iwwreg hunn an anscheinend grouss och grouss Béier-Frënn sinn, eng Annonce op Ebay fräigeschalt an deene si esou eng Entréeskaart verschenken. Ënnert dem Beschreiwung "Bier-Sherpa gesicht - Ticket géint Béier siche goen" gouf dës fräigeschalt, an dat ass dann och den Hoken un der Saach. Den Auserwielte, dee "gratis" mat op déi begehrte Plaz am Stadion dierf goen an do Borussia mat den Hardcore-Fans ufeieren dierf, muss déi Aner 4-5x pro Spill mat alkoholhaltege Gedrénks vum Béierstand versuergen. Dëse muss och net bezuelen, dat maachen d'Fans selwer - si wëllen ebe just net wärend dem Match opstoen, et kéint ee jo eng wichteg Zeen verpassen.

Méi wéi 10.000 User hu sech d'Annonce bannent deenen éischte Stonnen ugekuckt a relativ vill wären och um Deal interesséiert. Elo mussen d'Essener-Fans sech fir d'éischt emol op e puer Béier treffen an decidéiere wien de perséinleche "Béier-Sherpa" soll ginn. Et wéilt een eng fair, transparent an natierlech sëffeg Léisung fannen. E puer Deeg huet de Fan-Club jo nach Zäit, soss musse se sech beim nächsten Heemspill géint Eintracht Frankfurt nach emol selwer an d'Béier-Schlaang stellen.