Falls et Aliens gi kënne se elo d'Fro "Wëlls du mech bestueden" liesen...

Eng ongewéinlech Demande fir sech ze bestueden aus Däitschland ass den Ament iwwerall op der Welt, an nach méi wäit ze liesen - an dat komplett ongeplangt. Wie sech am Internet mat der Satelittefunktioun vum Kaarteprogramm Google Maps Hüttenberg ukuckt, gesäit net just Stroossen an Haiser mee och e risege Schrëftzuch mat "Wëlls du mech bestueden".

Hannert dëser romantescher Botschaft stécht de Steffen Schwarz, deen d'Fro mat Hëllef vun enger Maschinn op d'Feld bruecht huet. Säi Message wollt en zwar grouss um Aker presentéieren, ma, datt en als Satelittebild bei Google Maps opdauche kéint war him net bewosst. Nodeem seng Tatta aus Kanada hien dorop opmierksam gemaach hat, war et dem Landwirt eréischt opgefall.

De Schrëftzuch war 100 mol 200 Meter grouss a just aus der Loft ze gesinn. Wéi de Mais ronderëm d'Botschaft grouss genuch war, huet hie seng Frëndin dozou bruecht eng Dron iwwer d'Feld fléien ze loossen an esou gouf d'Fro du gestallt. E Rank hat de Schwarz natierlech och dobäi an d'Frëndin huet och jo gesot. Gott sei Dank, well am Netz ass d'Erënnerung un dës Demande ëmmer nach ze gesinn. De Bauer huet awer betount, och wann den Internet net vergësst, a Realitéit wiisst do schonn erëm Weess.