De Schauspiller wollt seng Léift zu sengem Jong mat engem dauerhafte Statement weisen. Blöd just wann dëse falsch ass...

Op Instagram huet den Orlando Bloom säin neien Tattoo presentéiert, eng Kombinatioun aus Strécher an Zuelen, an huet seng Fans gefrot "Neien Tattoo. Kënnt der erroden, wien?" Séier war kloer, déi vermeintlech abstrakt Konstruktioun aus Linnen ass eigentlech Morsecode a soll wuel zu Éiere vum Schauspiller sengem Jong, Flynn, gestach gi sinn.

De Probleem: Opmierksam Follower hunn dat Ganzt séier entziffert an erausfonnt, datt am Message en Tippfeeler ze fannen ass. "Falls de Morsecode Flynn buschtawéiere sollt, da leit e Feeler vir", esou e Fan op Instagram, dee bemierkt, datt d'Unzuel vun de Punkten an der Tätowéierung "Frynn" ergëtt.

View this post on Instagram

new #tattoo can you guess who?

A post shared by Orlando Bloom (@orlandobloom) on

Zimmlech penibel mee esou wuel de Star, wéi säin Tätowéierer gi locker domat ëm. Dem Tattoo-Kënschtler ass den Tippfeeler nämlech mëttlerweil och opgefall, ënnert enger Foto mam Orlando Bloom schreift hien "Eng schéin Erënnerung u säi Jong. A jo, et feelt e Punkt, mir wëssen et, et gëtt korrigéiert."