Instagram Emfro vum Amii Watson.

Wéi mer kléng waren, war de Gebuertsdag dach dee schéinsten Dag vum Joer. Et gouf ee wéi eng Prinzessin oder e Prënz behandelt, et duerft ee Séissegkeeten iessen an et krut ee lauter Kaddoen.

Firwat gi Gebuertsdeeg mat der Zäit eppes woufir ee sech schummt? Een Dag deen iwwerflësseg an irrelevant ass? Menger Meenung no solle Gebuertsdeeg ëmmer gefeiert ginn, egal wéi al ee gëtt.

© Amii Watson/Instagram

No menger Instagram-Ëmfro feieren 63 % vun de Leit gären hire Gebuertsdag a 37 % hunn dësen Dag awer net gären.

© Amii Watson/Instagram

Wann d'Leit sech dann entscheede misste wat se a léifsten op hirem Dag hunn, ass dat fir nei Erfarungen ze maachen, wéi z.B. op ee Kontert goen, een Trip mat Kollegen an d'Ausland maachen oder an ee Fräizäit-Park goen.

Op zweeter Plaz steet Zäit mat der Famill verbréngen an zesummen eppes iessen.

An direkt dono kommen d'Kaddoen.

© Amy Watson, Eldoradio

Mee ech denken awer erausfonnt ze hunn, firwat d'Leit ab engem gewëssenen Alter hire Gebuertsdag net méi gäre feieren. Den Alter huet Konsequenzen. Déi Leit, déi sech grad fir eng nei Aarbechtsplaz gemellt hunn oder déi sech een Dating-Account gemaach hunn, wësse wat ech mengen.

Wann d'Liewen net ëmmer genau no Plang gelaf ass, kënnt et fir, dass een op sengem Gebuertsdag méi iwwer déi Saachen nodenkt, déi een net gemaach huet, wéi iwwer seng Reussitten.

Hei kann de Gebuertsdag menger Meenung no awer och entgéintwierken.

Op dem Dag kann ee probéieren déi Saachen ze gesinn, déi ee bis zu dem Zäitpunkt erreecht huet. Dësen Dag gëtt engem d'Méiglechkeet fir no fir ze kucken op een neit Joer voller neier Geleeënheeten.

Lauschter eran!

xx, Amy Watson