Dacks gëtt gegeckst, et kéint ee sech eng net sou schéi Persoun mat Béier oder Wäin "schéin drénken". Geléngt dat wierklech? A firwat?

Wann een op enger Party eng Bekanntschaft mécht, déi zwar ganz fein ass, awer vläicht net sou gutt ausgesäit, kann ee sech se einfach "schéin drénken". Wat ass un dësem als Witz gemengte Rot drun? Mécht den eegenen Alkoholkonsum aner Leit wierklech méi attraktiv? A firwat? 

Eng Rei Fuerscher hu probéiert, deem op de Grond ze goen - a koumen zu ënnerschiddleche Resultater. Zwee Wëssenschaftler aus den USA hunn déi 16 Etüde méi genau ënnert d'Lupp geholl. Hire Fazit: "Schéindrénken" funktionéiert tatsächlech. No engem oder zwee Glieser Béier oder Wäin kommen eis aner Leit - wéinstens e bëssen - méi attraktiv vir. An net nëmmen dat: et gewënnt een duerch d'Drénken och selwer un Unzéiungskraaft.

Firwat ass dat dann esou?

Et läit net just un der relaxer Stëmmung an déi een duerch den Alkohol kënnt. D'Symmetrie vun där anerer Persoun hirem Gesiicht schéngt och eng wichteg Roll ze spillen. Psychologesch Etüde beweisen, datt Leit mat méi spigelbildlechen – also symmetreschen - Gesiichtshalschente besonnesch schéin eriwwerkommen. Aner Etüde weisen, datt d'Fäegkeet Ënnerscheeder tëscht der lénker an der rechter Gesiichtshalschent wouer ze huelen mam Alkoholkonsum ofhëlt. Eng Persoun mat engem manner harmonesche Gesiicht erschéngt da méi gläichméisseg - an doduerch méi attraktiv.

A wouduerch wiisst déi eegen Attraktivitéit?

Warscheinlech duerch eng méi entspaanten Haltung a Verännerunge vun der Haut. Den Alkohol suergt fir eng méi staark Duerchbluddung, wouduerch d'Haut liicht rout gëtt. Sou kritt ee méi e frëschen Teint, an et gesäit een zumindest kuerzfristeg méi gesond aus - an dat ass attraktiv, mengen d'Psychologen.

Wat ech also méi drénken, wat alles ronderëm mech méi schéi gëtt?

Wuel kaum. Wann den Alkoholpeegel iwwert eng gewësse Mooss klëmmt, verflitt den Effekt.

Lauschtert Iech hei de Reportage