Et muss net ëmmer den Auto si fir op d'Schaff ze fueren. De Vëlo ass nämlech mat ee vun de séiersten a bëllegsten Transportmëttel.

D'Fréijoer steet virun der Dier! Hutt dir net Loscht de Vëlo als neit Transportmëttel auszeprobéieren? Et ass eng vun den einfachsten a schnellsten Transportléisungen. Hei zu Lëtzebuerg gouf an deene leschte Jore vill ënnerholl, fir dës Form vu Mobilitéit ze ënnerstëtzen.

Mam Vëlo eleng kann ee schlecht aus dem Süde vum Land all Dag bis an d'Stad schaffe fueren. Ma dofir kann een de Vëlo jo zum Beispill mat Bus an Zuch kombinéieren.

Lauschtert eran