
All Donneschdeg Owend verrode mir iech wou eng leeft!
Dir gitt gär op den Tour a wëllt wësse wou déi coolsten Events lafen?
Da lauschtert den Eldo Event Navigator!
Déi Show um Donneschdeg Owend an där de Wulli iech verréit, wéi eng Events dir op kee Fall dierft verpassen!
- Upcoming Events
- Top 6 vun den Dance- & Party-Charts
- Interviews
- Partytrends
Do donieft presentéiere mir iech déi beschte Partymusek, déi coolsten DJen, Reportagen iwwer grouss Festivals national an international a vill weider Nightlifethemen!
Ausserdeem spille mir iech déi ugesotsten a gefrotsten Beats déi vun eisem DJ Se7en live fir iech am Studio gemixt ginn!
Alles ronderëm de Nightlife! Vun elo un all Donneschdeg vun 19h00 u mam Wulli op Eldoradio!
Regelméisseg hu mir verréckt Aktiounen, z.B. de Kleeschen am Adventsmix,...

De Wulli a Se7en am Studio / © Eldoradio
Presentéiert ären Event live an eiser Sendung!
Dir organiséiert en Event a wëllt Reklamm maachen oder ären Event live bei eis virstellen? Schéckt eng Email mat allen Donnéeën (Organisateur, Datum, Plaz, Flyer, Site, Facebook-Event,...) op eventnavigator@eldoradio.lu!
Oder setzt ären Event elo scho gratis an eisen Agenda!
DJ Corner
Du bass DJ a wëlls dech an deng Musek an eiser Sendung presentéieren? Da schéck eis eng Mail mat enger klenger Beschreiwung, enger Foto an engem Mix (Am MP3-Format an enger Durée vu max. 10 Minutten) op djcorner@eldoradio.lu!
Eldo Event Navigator Team
Hei gesitt der d'Equippe déi iech all Donneschden mat Informatiounen zu den Top Events a gudder Musek versuergt.

© Eldoradio
Fannt eis op op Facebook: https://www.facebook.com/eldo.eventnavigator