Eldoradio huet e Mëttwoch 19. Oktober d'Avant-Première vum "Kropemann" presentéiert !

"Am Pëtz do sëtzt de Kropemann,
Wat mécht hien an deem Waasser dran?"

Nodeems direkt e puer Schüler zu Lëtzebuerg vun engem Serie-Killer ëmbruecht goufen, versichen de Kommissär Meyer an den Inspekter Thill dëst schrecklecht Verbriechen opzeklären a weider Affer ze verhënneren.

Déi lëtzebuergesch Legend lieft op an ass elo am Kino!

Lauschtert hei d'Interviews mam Realisateur Petz Ernzer aus der Sendung:

Event Navigator Kropemann Part 1
Event Navigator Kropemann Part 2
RTL

Mir schwätzen am "Event of the Week" iwwert dëse Film, a kucken hannert d'Kulissen!

Nieft der Avant-Première gëtt de "Kropemann" zu folgenden Zäite gewisen:

  • Sa 22/10, Kirchberg > 00h00
  • Lu 24/10, Kirchberg > 19h30
  • Me 26/10, Kirchberg > 19h30
  • Ve 28/10, Kirchberg > 22h00
  • Lu 31/10, Kirchberg > 17h00
  • Je 20/10, Belval > 20h30
  • Ve 21/10, Belval > 22h00
  • Di 23/10, Belval > 19h30
  • Ma 25/10, Belval > 20h30
  • Je 27/10, Belval > 20h30
  • Sa 29/10, Belval > 22h00
  • Di 30/10, Belval > 19h30