Prett fir esou richteg de Summer ze feieren? Dat geet dëse Freideg um Summer Break zu Biereng bei Miersch!

Dëse Freiden, den 29. Juni, ass et erëm esou wäit: Bumerang invitéiert op Biereng bei Miersch op déi 9. Editioun vun der

Summer Break – Paint Splash & Schaum Party

Vun 22h00 u mat fräier Nuecht bis 3h00 gëtt dëse Freiden an der Hal Irbicht zu Biereng bei Miersch de Summer gefeiert. Mat internationalen DJs, enger Chill-Out Area, an 2 Musek-Areas:

Paint Area

  • DJ Nosi
  • DJ Tyler-K
  • DANTH (DE)
  • DJ Richie

Schaum Area

  • J C'Drew
  • DJ Lx
  • SYKO (NL)

Tickete ginn et fir 11€ op e-ticket.lu ze kafen a fir 10€ a verschiddene Geschäfter oder bei engem vun den offizielle Verkeefer.

Loosst den Auto stoen a kommt relax mat der Navette heem! Entweder mat de 4 gratis Late Night Busser oder mat de 4 extraen Navette fir 3 Euro an déi verschidden Ecker vum Land!
1 Event - 2 Concepts - 3 Rooms: Dëse Freiden, den 29. Juni op Biereng bei Miersch an d’Hal Irbicht!

D'Patricia an de Kieran

Summerbreak ITV