Vum 7. bis de 17. Mäerz steet Lëtzebuerg erëm ganz am Zeeche vum Luxembourg City Film Festival!

Vum 7. bis de 17. Mäerz ass déi 9. Editioun vum

Luxembourg City Film Festival

D'Catherine Krettels war dës Woch beim Wulli am Interview !

Erlieft wärend dem Festival Ronn 97 Filmer - heirënner déi neisten international Filmer, vill Avant-Premièren, Animatiounsfilmer fir Grouss a Kleng oder och Dokumentatiounen.

Nieft de Filmséancen an internationale Premieren de Stater Kinoen an Ausstellungen am Cercle Cité, erwaarden iech wärend 10 Deeg och dëst Joer nees déi ënnerschiddlechst Eventer: Vun Ausstellungen iwwer Concerten, ewéi och Workshops, Masterclasses an déi eng oder aner Party!

Wiem dat net duergeet, dee kann am Casino Luxembourg och nees a "Virtual Reality"-Filmer an -Erliefnisser andauchen!

Tickete ginn et fir 7€ pro Film oder fir déi, déi de Festival komplett erliewe wëllen, mat engem Festivalpass mat Accès fir all d'Filmer an d'Events fir just 30€!

Luxembourg City Film Festival - Vum 7. bis de 17. Mäerz an der Stad!

Catherine Krettels

Event Navigator Filmfestival ITV1
Event Navigator Filmfestival ITV2