Eldoradio an den Atelier presentéiere Samschdes, den 13. Abrëll den däitschen DJ Alle Farben live am Atelier.

Zënter 12 Joer ass de Berliner Museker als DJ Alle Farben schonn ënnerwee. Mat "She Moves" ass him 2014 den Duerchbroch gegléckt a konnt sech duerno mat Hits wéi "Please tell Rosie", "Little Hollywood" an "Only Thing We Know" an den Charts placéieren.

Mat dësen Hits kënnt den däitschen DJ op Lëtzebuerg - fir eng Club Night Samschdes, den 13. Abrëll 2019 an den Atelier.

Kaaft iech elo hei är Tix fir seng Club Night am Atelier!

© Eldoradio

Lauschtert hei den Interview