Den Ex-Sänger vun der Band Diario mellt sech no 2 Joer Paus mat engem neie Projet zréck!

Dëse Samschdeg presentéiert de Museker Andrea Galleti an der Schungfabrik zu Téiteng déi grouss Release Party vum Album "5 Seasons" vu sengem neie Pop-Projet "A-Drew" !

A-Drew - 5 Seasons Release Party

Lass geet et dëse Samschdeg um 19h30 mat ënnert anerem am Virprogramm:

  • Fernanda Stange
  • CHEAK
  • Special Guests

Op der Afterparty wäert déi jonk DJane Tzunamy opleeën & fir déi richteg Beats suergen!

Tickete fir d'Release Party dëse Samschdeg ginn et fir 8€ online - den Erléis ass fir WWF an Australien!

Den Hilton an den Andrea vun A-Drew / © Eldoradio

Interview: part 1
Interview: part 2

5 Seasons Release Party - dëse Samschdeg um 19h30 an der Schungfabrik zu Téiteng!