Vum 28. Mee bis den 13. Juni ginn um Iechternacher Séi 17 verschidde Filmer am Drive in Cinema gewisen!

Ënnert spezielle Konditioune presentéiert de Ciné Sura dëst Joer seng 10. Editioun vum

Drive in Cinema um Iechternacher Séi

Mol erëm Loscht op Kinosfeeling? Da kommt vum 28. Mee un op den Iechternacher Séi & erlieft op der gréisster Leinwand an der Groussregioun insgesamt 17 Filmer bequem an ärem Auto mam Audio direkt aus ärem Autosradio!

Lass geet et all Dag um 19h30 - de Film fänkt no Abroch vun der Däischtert géint 21h30 un!

Opgepasst - wéinst dem COVID-19 gëtt et keng Oweskeess! D'Plaze mussen also per Mail am Virverkaf reservéiert ginn, andeems dir folgend Infos an der Mail ugitt:

  • Datum vum Film
  • Unzuel vun den Ticketen
  • Adress
  • Plackennummer vum Auto
  • Snacks/Menüen, falls erwënscht

Menüen a Snacks kënnen just am viraus bestallt ginn - kuckt iech hei déi verschidde Méiglechkeete fir d'Iessen & d'Gedrénks un!

Feiert zesumme mam Ciné Sura den 10. Anniversaire vum Drive in Cinema zu Iechternach um Séi - dëst vum 28. Mee bis den 13. Juni 2020!