Och dëst Joer gëtt den Drive-InCinema organiséiert, wann och ënner méi strenge Mesure wéi gewinnt!

Vum 28. Mee bis den 13. Juni luet de Ciné Sura op den Autokino um Iechternacher Séi an. An enger Zäit an där net gewosst ass wéini d’Kinoen uechtert d’Land nees dierfen opmaache war och laang net kloer ob déi 10. Editioun vum Drive-In-Cinema esou kéint organiséiert ginn. Ma et gouf e Kontaktlos-Konzept ausgeschafft, dee vum Kulturministère accordéiert gouf.

Ugefaange mat den Ticketen, dës muss een am Virfeld kafen a ginn dann op der Plaz an duerch d'Fënster vum Personal gescanned. Ouni Virverkaf kënnt een net eran. Och a Punkto Snacks leeft alles iwwert Virverkaf an eng Zort "Drive-In", esou dass keen direkte Kontakt tëscht de Mataarbechter an de Gäscht am Auto ass.

Dat heescht d’Fënstere vum Auto bleiwen zou an de Kontakt zu de Mataarbechter gëtt op e Minimum reduzéiert. Och op Pause gëtt verzicht an d’Leit kréien ugeroden déi ganzen Zäit am Gefier ze bleiwen. Ma wann een op d’Toilette muss ass dat natierlech ënner bestëmmte Moossname méiglech.

Fir d'Organisatioun ass dat natierlech alles vill méi opwänneg - ma et wëll een de Leit an de Mataarbechter e Gefill vu Sécherheet an natierlech e schéine Filmowend bidden. A genee dorop hunn d‘Leit Loscht: Endlech nees ënner Leit kommen, och wann ee sech net wierklech méi no kënnt. Eng vun de Reegelen ass nämlech och d’Unzuel u Leit am Auto, an dass just Familljemembere an engem Auto sëtzen dierfen. Trotzdeem ass et eng Méiglechkeet nees an der Gemeinschaft eppes ze erliewen an d’Kino-Kultur um Liewen ze halen.

Hei gëllt dann d’Reegel, deen éischten deen do ass kritt och déi éischt Plaz. Den Ecran ass awer wéi am Kino grouss genuch, dass egal wou ee sëtzt een och ouni Problem drop gesäit. Och op den typesche Kino-Sound gëtt Wäert geluecht an esou schafft ee mat Kino-Material wéi zum Beispill dem CCP-Format fir déi beschten Audio-Qualitéit ze erméiglechen.

Normalerweis passen iwwregens vill méi Autoen op den Terrain, ma och hei gouf wéinst der aktueller Situatioun reduzéiert an zwar op 100-120 Autoe pro Owend. Esou kéint een tëscht den Autoen nach emol e gewësse Mindestofstand anhalen, fir de Fall wou mol eng Fënster opgoe sollt.

Eng weider Konsequenz vum Coronavirus ass de Release vu Filmer. Vill Filmer déi dëst Joer erauskomme sollte goufe verréckelt, e Grond firwat am Drive-In-Cinema dëst Joer dann och Filmer gewise ginn, déi net réicht gëschter erauskomm sinn. Trotzdeem huet een e groussen an aktuelle Programm op d'Bee gestallt mat Filmer fir Grouss, wéi zum Beispill Birds of Prey, Nightlife oder Bad Boys, a Kleng wéi zum Beispill The Lion King oder Onward.

Mee net just Kinofilmer stinn um Programm, den 13. Juni, de viraussiichtlech leschten Dag vum Autokino, wäert de Steven Pittman optrieden an en Elvis-Concert ofliwweren.

Dass dat net de leschten Event vum Drive-In-Cinema dëse Summer bleiwe wäert gouf eis am Eldo-Interview awer scho mol verroden. Wat genee eis do nach alles erwaart, bleift ofzewaarden. Alleguer d’Infoen, Neiegkeeten an de ganze Programm fannt dir awer elo scho mol hei.

Lauschtert hei den Interview mam Michael Battenberg vum Ciné Sura