
Et ass di 13. Editioun dëst Joer vum „On Stéitsch Festival“ an de Rotonden zu Bouneweg.
Och trotz Corona wäert den On Stéitsch Festival stattfannen. Datum ass den 19. September 2020.
Wéi genee a wat ass anescht, dat hunn d'Mandy an d'Dora eis verroden an eisem Event of the Week!
Hei e puer Facts iwwer den On Stéitsch:
- 13. Editioun
- 19. September
- Gratis Entrée
- 14 – 24 Auer
- 150 Jonker
- 2 Bünen
- 10 Danzacts
- 16 Rap Optrëtter
- 7 Singer
- 1 DJ (weiblech)
- 10 Bands
- 17 Stänn
- 1 Expo an der Rotonde 1

© www.onsteitsch.lu

D'Dora & d'Mandy vum SNJ live am Studio beim Wulli / © Eldoradio
Lauschtert hei nachemol déi ganz Interviews:
Interview Video-Replay:
Video 1
Video 2
Infos:
THE SHOW GOES ON, EVEN DURING COVID-19!!! 💪🏻
Feier déi lëtzebuergesch Kënschtler vu muer an huel och du um Jugendfestival deel! Den On Stéitsch ass the place to be fir all jonke Kënschtler, deen eng Plattform sicht fir säin Talent ze weisen. Eng super Stëmmung, flott Optrëtter vu Sänger, Bands an Dänzer, Ausstellunge vun Artisten a Kënschtler erwaarden dech! 🎤💃🕺🎨📸
ON STÉITSCH 2020 - 📌 19. September - 📍 Rotondes
👉🏻 organiséiert vum Service National de la Jeunesse zësumme mam Cercle de Coopération des ONG