Dëst Joer ass alles e bëssen anescht... Déi meescht vun eis kënnen d'Feierdeeg net sou verbréngen, wéi een dat vun de Jore virdru gewinnt ass.

Grad dowéinst wënsche mir, dat ganzt Eldo-Team, iech an äre Léifsten e puer flott Momenter iwwer Facetime, vill laang Telefonsgespréicher mat Frënn a Famill, schéi corona-tauglech Feierdeeg, eng gutt Gesondheet an e schmassege Rutsch an d'Joer 2021.

Bleift gesond a monter.

© Freepik