Den Donneschden 28. Januar wär keen aner wéi den DJ AL bei Wulli am Studio!

Den DJ AL ass wuel ee vun de bekanntste Lëtzebuerger Party DJ & Entertainer. Hien ass op kengem groussen Event a Bal méi wech ze denken a weess ëmmer nees op en Neits mat Stëmmung puer ze begeeschteren, sief et op den Oktoberfester, grouss Après-Skien, op der Fouer, um Veiner Nössmoort, op der Päischtcroisière vum Norden bis Süden, an Osten bis Westen. Säin Musek-Style bezeechent hie ganz einfach als - Party -, d'Leit sollen sech zesumme mat him ameséieren, a kréien duerfir vun House iwwer Rock bis Malle alles an d'Ouer gedréckt wou se Loscht drop hunn !

Matt DEM Fues- a Party-Hit ‘Hei ass der Däiwel lass’, a ville aneren eegene Produktioune wéi zb 'Fofzéng Punkten', ‘Halli-Galli Ramba-Zamba’, ‘Schenk mir däin Häerz’, ‘Gudd Drop’, ‘Ole Ole Ola’ bréngt hien d’Danzpist un d’Kachen. Matt senger mega Ouerwuerm-Produktioun ‘Sou geet Lëtzebuerg’ huet hien sech definitiv  säi Spëtznumm ‘DJ NATIONAL’  méi wéi verdéngt an 'out' sech reegelméisseg als 'Deel vu sengem Publikum' ! - We are Family- dat ass säi Motto an d'Basis vu sengem Erfolleg.

RTL

Den DJ AL um Eldo / © Eldoradio

Replay vum Interview:

Interview mam DJ AL:

Video-Replay vum Interview:

Interview:

Fotoen aus der Sendung:

 

Lauschtert hei de Replay, fir dem DJ AL säi speziellen Live-House-Set aus dem Event Navigator nach emol ze erliewen! 

Live set: