E Festival ënner besonnesche Konditiounen. Wéinst der sanitärer Situatioun wäert de Festival esouwuel uechtert d'Stad ewéi och online stattfannen.

Vum 4. bis de 14. Mäerz ass déi 11. Editioun vum Luxembourg City Film Festival. Ma dës Editioun vum Festival ass eng ganz besonnesch. Wéinst der aktueller Pandemie wäerten déi verschidde Filmer nämlech op e puer Plazen uechtert d'Stad ewéi och online gewise ginn. Ma e Festival ënnert dëser Form ze organiséiere wier nawell eng organisatoresch Erausfuerderung wéi den Direkter vum Festival de Geoges Santer matgedeelt huet.

D'Kulturministesch Sam Tanson huet de Leit, déi un der Organisatioun vum Festival bedeelegt waren dann och hire Merci ausgeschwat. Och wann et keng Garantie dofir géif ginn, dass d'Filmer wéi geplangt an de Kinossäll kéinte gewise ginn, wier si frou doriwwer, dass d'Kinoen hei am Land den Ament op wieren.

Der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer no, hätt virun engem Joer wuel keen domadder gerechent, dass déi aktuell Editioun vum Festival nach ëmmer ënnert de Contrainte vum Covid-19 stattfanne géif. Och si, kéint de Leit, déi et trotz dëse Konditioune fäerdeg bruecht hunn de Festival op d'Been ze stellen nëmme Merci soen. Allerdéngs géif d'Ausbleiwe vun de Gäscht déi an normalen Zäite fir de Festival an d'Stad komme géifen eng ekonomesch Erausfuerderung duerstellen. Besonnesch fir d'Restauranten an d'Hoteller géif d'Ausbleiwe vun dëse Gäscht eng zousätzlech Erausfuerderung an dësen Zäiten duerstellen.

Nieft der besonnescher Form ënnert där de Festival dëst Joer stattfënnt, goufen en et och bei de Filmer déi gewise ginn eng Partie Neierungen. Esou ginn op dëser eelefter Editioun vum Festival méi afrikanesch a südamerikanesch Filmer gewise wéi op de fréieren Editiounen. Ausserdeem goufe ronn d'Hallschent vun de Filmer, déi dëst Joer gewise gi, vu Frae gedréint.

D'Tickete fir déi 11. Editioun vum Luxembourg City Film Festival kënne vum 12. Februar u bestallt ginn. Alleguerten d'Filmer déi um Festival lafen, kënnen och online gekuckt ginn. Dat ënnert online.luxfilmfest.lu

Lauschtert hei de Reportage!

En Donneschden Owend war d'Catherine Krettels vum Luxembourg City Film Festival op Besuch beim Chris am Studio. Kuerz virun der offizieller Ouverture hat hatt alleguerten déi wichtegst Last-Minute-Infos fir eis!

RTL

D'Catherine Krettels aus dem Comité de Sélection vum Festival / © Eldoradio

Replay vum Interview mam Catherine:

Lauschtert hei den éischten Deel!
Lauschtert hei den zweeten Deel!

Déi Woch virdru war de Pol op Besuch beim Wulli:

RTL

De Pol Felten vun der Organisatioun / © Eldoradio

Replay vum Interview:

Interview:

Video-Replay vum Interview:

Interview:

Fotoen aus der Sendung: