Leschten Donneschden war den Double-J op Besuch beim Chris am Event Navigator!

Musek war u sech ëmmer eng Passioun vum Double-J. Schonn a jonke Joren huet hien ugefaange mat ville verschiddene Genren ze experimentéieren, mat 15 koum dunn dat éischt Mëschpult. Nodeems hien e bëssen doheem an der Kummer geüübt hat, konnt hien dann och no an no Erfarungen dobausse sammelen. Fir d'éischt op private Feieren, duerno sinn d'Events ëmmer méi grouss ginn an hie krut och am lëtzebuerger Nuetsliewen e Fouss an d'Dier.

Den Double-J huet scho quasi an all deene groussen Etablissementer hei am Land gespillt, déi meescht wäerten hien awer wuel aus Clause kennen. An der Lescht huet den Double, ewéi ganz vill vu senge Kolleegen och, op Streaming ëmgebaut. Esou kann hien och an dësen Zäiten de Public erreechen an ënnerhalen a musikalesch ewéi technesch um Ball bleiwen.

RTL

Den Double-J am Event Navigator / © Eldoradio

Replay vum Interview:

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Double-J!

Replay vum Live-Set:

Lauschtert hei den Double-J am Eldo-Live-Mix!

Video-Replay vum Interview:

Fotoen aus der Sendung: