
Tyronic / © Luca Chiavini
Leschten Donneschden war de jonke lëtzebuerger DJ a Produzent Tyronic op Besuch am DJ Corner!
De Lëtzebuerger Luca Chiavini ass 23 Joer al an huet sech ënnert sengem Kënschtlernumm Tyronic als Produzent an DJ en Numm gemaach. Zum Beispill konnt hie mat senge Lidder "No More Tears" an "Insomnia" op sech opmierksam maachen. Am léifste produzéiert de Museker elektronesch Stiler ewéi Future Bass, Melodic Dubstep an Trap.
Nieft der Musek ass den Tyronic och an der lëtzebuerger Gaming-Zeen aktiv. Ënnert anerem huet hien d'Titel-Lidder vun der LGX (Luxembourg Gaming Xperience) an der PEM (Post Esports Masters) produzéiert. Aktuell ass hien ausserdeem selwer als Content Creator bei Outplay Esports aktiv.
Dem Tyronic ass et awer och wichteg aner national ewéi international Streamer a Content Creator ze ënnerstëtzen. Esou stellt hien hinne seng Musek fir Videoen a Livestreams zur Verfügung. Domat kënne si hire Contenu erstellen, ouni iergendeng Rechter ze verletzen.
A senger Karriär konnt den Tyronic dann och schonn eng ganz Partie Optrëtter spillen. Säi perséinlechen Highlight: D'Opening Show vun der Post-Esports-League-Final 2020, bei där e Kinossall zu enger grousser Bün ëmfunktionéiert gouf.

Den DJ Tyronic / © Eldoradio
Replay vum Interview:
Live-Set:
Video-Replay vum Interview:
Interview :
Fotoen aus der Sendung: