
© Screenshot fetedelamusique.lu
Nach bis den 21. Juni gëtt op der Éditioun 2021 vun der Fête de la Musique am ganze Land d'Musek gefeiert!
No enger schwiereger Zäit ass dat gréisste musikalescht Evenement hei zu Lëtzebuerg erëm zeréck! D'Organisateuren hunn Alles ginn, fir dëst Joer nach méi en diverse Programm ewéi déi Jore virdrun unzebidden. Bis den 21. Juni spillen deemno professionell Museker, Amateuren a ganz vill jonk Talenter am Ganzen 136 gratis Concerten op 37 Plazen uechtert d'Land.

© Screenshot fetedelamusique.lu
D'Fête de la Musique 2021 ass déi ideal Geleeënheet fir endlech erëm Live-Musek ze genéissen, mat senge Leit zesummenzekommen a säi musikaleschen Horizont ze erweideren. Natierlech gëtt och séchergestallt, dass alleguer déi sanitär Mesurë respektéiert ginn.
Dësen Donneschden kucke mir dann och méi genee op de Programm vun der Fête de la Musique zu Diddeleng:

© FdlM Dudelange
Mat ganz ville lëtzebuerger Bands a KënschtlerInnen - ewéi zum Beispill Zero Point Five, Nicool, Tuys oder A-Drew - a coolen Headliner - ewéi Cali, Josh. oder Fool's Garden - ass och dëst Joer zu Diddeleng erëm en ofwiesslungsräiche Programm gebueden. Lescht Tickete kritt dir eventuell nach op hirem Site oder an deenen nächsten Deeg bei eis um Eldo!

Den Marc Scheer vun der Organisatioun / © Eldoradio
Replay vum Interview:
Video-Replay vum Interview:
Fotoen aus der Sendung: