Dësen Donneschden ass d'P'n'M DJ's Crew op Besuch am DJ Corner!

Schonn a ganz jonkem Alter huet den Daniel seng Passioun fir d'Musek entdeckt a Coursen an der Batterie geholl. Als Jugendlechen huet hien an de Bars an Discoen seng éischt Erfarungen am Nuetsliewe gemaach an dobäi gemierkt, dass DJ eventuell eppes fir hie wier. Den Daniel huet dunn ugefaangen sech doheem alles selwer bäizebréngen. No e puer Méint huet hie sech säin éischt eegent Mëschpult kaaft a konnt sech domadder weiderentwéckelen.

Am Joer 2013 hat hie säin alleréischten Optrëtt virun 100 Leit op enger privater Party. 2 Joer duerno koum dunn dat éischt Event am Verso a Clausen. Vun deem Moment un hat d'P'n'M DJ's Crew sech en Numm gemaach a konnt sech an der Zeen ëmmer méi eropschaffen. 2016 krut hien esouguer eng Residenz am Dean, wou hien e puer Joer laang bal all Weekend opgeluecht huet.

Aktuell ass hie ganz vill a Bars an der Stad ënnerwee oder leet am Melusina op. Wann dat erëm méiglech ass, spillt hien och op private Partyen, Baler oder Hochzäiten.

RTL

Den Daniel am Event Navigator / © Eldoradio

Replay vum Interview:

Lauschtert hei de Reportage!

Replay vum Live-Set:

Video-Replay vum Interview:

Fotoen aus der Sendung: