
© Lënster Plage
Dëse Summer heescht et zu Jonglënster vum 7. Juni bis de 14. August: Life's a beach!
Nach bis Mëtt August kënnt dir 7/7 Deeg vu moies 11 Auer un um Parking vum Centre Polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster de Summer genéissen. Loosst iech op der Lënster Plage mat engem lackelege Cocktail oder engem gudden Iesse verwinnen!

Mat Apéro Plage, Show-Cooking, DJ-Sets, Concerten a Live-Iwwerdrounge vun de gréisste Sport-Evenementer bei fräiem Entrée. Natierlech alles am Respekt vun den aktuelle Covid-19-Mesuren.
Alleguer d'Infos an de ganze Programm fannt dir op der Facebook- an Instagram-Säit vun der Lënster Plage!

Jérôme Goergen / © Eldoradio