Dëse Sonndeg ass erëm sou wäit: Mega-Mallorca-Party-Stëmmung mam DJ Al an natierlech dem Superstar Almklausi.

D'Eskalatiouns-Mega-Party vum Joer geet an déi zweet Ronn.
Den Depart vum Partyschëff ass géint 18h30.

RTL

Den DJ AL beim Eldo / © Eldoradio

Den DJ Al suergt vu 17h30 u fir eng Bommestëmmung um Schëff. Mat engem fette Mix aus de beschte Ballermannhits, Schlager, Partyhouse Beats an och Singles aus den aktuellen Charts kommt dir an déi perfekt Strand- a Partystëmmung.

Den Héichpunkt vum Owend ass d'Live-Show mam "Mama-Laudaa-Superstar" Almklausi.

Spiller wéi Kicker oder BeerPong a kleng Pools suerge fir déi néideg Ofkillung.

Lauschtert hei den Interview mam DJ AL:

Fuerplang

Boarding: vu 17h30 un

Depart vum Schëff: 18:30

Arrivée vum Schëff: +/- 22:30

Plaz vum Depart a vun der Arrivée: Réimech

Ticketen

Wéinst der aktueller Covid-Situatioun gëtt et keng Oweskeess.

Tickete mussen am Viraus kaaft ginn a kaschten 30€.

Weider Informatioune fannt dir op navitours.lu oder op Facebook

Kontakt

E-Mail: info@navitours.lu

Telefon: (+352) 75 84 89

-----------------------------------

COVID-CHECK Event 3G✔️
300 Party People✔️
Free Seating & Circulation✔️
No Mask inside✔️
First come, First served✔️
Reservation only✔️