De 4. September ass de Sudstroum Escher Kulturlaf mat der Special Edition "Uphill Time Challenge".

Gewannt hei är Participatioun fir de „Sudstroum Escher Kulturlaf Uphill Time Challenge“.

Allgemeng Informatiounen

De „Sudstroum Escher Kulturlaf Uphill Time Challenge“ fënnt als CovidCheck-Event statt.
Den zentrale Punkt ass d’Place de la Résistance mam Depart.
D’Arrivée ass beim „Déierepark Gaalgebierg“.

D’Dossarden kënnen op der Place de la Résistance den Dag vun der Course vu 14 bis 18.30 Auer ofgeholl ginn.

Den Zentrum vun Esch ass den Dag vun der Course net einfach z’erreechen. Et soll een den Auto am beschten um Parking Hiehl oder Belval-Gare parken a mam ëffentlechen Transport op den Départ fueren.

De Chronométrage gëtt mat engem Chip gemaach, denn an der Startnummer integréiert ass.

Gestart gëtt blockweis vu 15 Auer un. All Leefer gëtt individuell chronometréiert.

De Parcours vum „Sudstroum Escher Kulturlaf“ féiert net nëmme laanscht verschidde kulturell Site vun der Stad. Museker a Museksgruppe spillen och op Podiumen an natierlech Emplacementer laanscht de Parcours an dat virun, wärend an no der Course.

Weider Informatioune fannt dir op www.kulturlaf.lu

RTL

Den Pol an d'Laure vun der Organisatioun / © Eldoradio

Replay vum Interview:

Lauschter hei den éischten Deel!
Lauschter hei den zweeten Deel!

Video-Replay vum Interview:

Fotoen aus der Sendung:

© Sudstroum Escher Kulturlaf