Team MODIFIED lued erëm op hiert alljäeregt Summermeeting an, dest Joer ass et een Indoor an Outdoor Event.

Den 12. September kënnt dir déi schéinsten Autoe bewonneren.
Vun 10h00 bis 18h00 an der City Concorde.

Duerch déi aktuell Covid-19 Mesure leeft d'Event nëmmen ënnert dem Covidcheck. Et muss een also entweder geimpft, an den leschten 180 Deeg geheelt sinn oder e Schnelltest op der Plaz maachen.

Wann ee keen Test dobäi huet, kann ee fir 2€ een op der Plaz kafen.

Spillt hei mat a gewannt hei en exklusive Goodie-Bag vum Modified Summermeeting.

Am Show n Shine Contest si folgenden Kategorien

Best of Show
Top 20
Top interieur
Top Felgen
Top 5 feminin
Top Race
Top RAT
Top 5 JDM
Top 5 Europe
Top 3 U.S.
Top Motorad
Top 3 DB SPL Street A an
Top 3 DB SPL Street B
Top Limbo
Top PS
Top Oldtimer
Top Airride an
Top Static
Top Lackierung
Top DB Auspuff Bensiner
Top DB Auspuff Diesel
Top DB Auspuff Motorad

Natierlech ginn et och selwergemeete Coupen

D'Autoen déi no 15h erafuere ginn net méi bewäert.

Ausserdem gëtt et Animatioun, e Sprangschlass fier déi kleng Tuner, Car Limbo, a villes méi.

Fir z'iessen an ze drénken ass gesuergt!

Fir gutt Musek suergt d'DJane Lalin.

Entree kascht 10€ fir d'Austeller.
Fir d'Visiteuren ass fräien Entrée.

Weider Informatioune fannt dir hei.

RTL

De Kim, de Sacha an d'Cheryl vun der Organisatioun / © Eldoradio

Replay vum Interview:

Lauschter hei den éischten Deel!
Lauschter hei den zweeten Deel!

Video-Replay vum Interview:

Fotoen aus der Sendung: