
Et ass di 14. Editioun dëst Joer vum „On Stéitsch Festival“ an de Rotonden zu Bouneweg.
Och trotz Corona wäert den On Stéitsch Festival stattfannen. Datum ass den 18. September 2021.
Wéi genee a wat ass anescht, dat hunn d'Mandy an d'Dora eis verroden an eisem Event of the Week!
Hei e puer Facts iwwer den On Stéitsch:
- 14. Editioun
- 18. September
- Gratis Entrée
- Covid Check Event (autotest sur place ass méiglech an déi sinn och gratis)
- 14 – 24 Auer
- Et muss een keng Tickets am viraus huelen, et kann een spontan kommen
- 2 Stages enner fräiem Himmel bei de Rotondes
- Musek an Danz : vill verschidde Stilrichtunge si vertrueden vun Pop, Rock, Soul, Rap...
- Spontan optrieden als Dänzer*in oder Sänger*in/Rapper*in ... kann een beim Open Floor (19:40 – 20:05) an Open Mic (20:35-21:00)
- Den On Steitsch huet dëst Joer een eegene Move, kreéiert vum Ami Watson, deen de Motto vun der Editioun 2021 soll symboliséieren an zwar “Zesumme staark” (Tik Tok an Instagram)

D'Dora & d'Mandy vum SNJ live am Studio beim Wulli / © Eldoradio