Dëse Freideg ass de grousse Studentebal, wéi gewinnt op der Wiss nierft dem Bouillon.

Covid Check

De Studentebal 2021 wäert e COVID Check Event sinn.

Dat heescht, fir um Event deel ze huele muss dir entweder genesen oder vollstänneg geimpft sinn oder dir hutt en zertifiéierten Test virleien (48h bei Schnelltest, 72h bei PCR). Schnelltester sur place wäerten net méiglech sinn.

Falls dir en Ticket kaaft hutt, mee iech net un d’COVID Check Reegele gehalen hutt, wäert ären Ticket net rembourséiert ginn.

Musek

Dëst Joer leet den Dasic als Warm-up bis 23:00 d’Musek op, ier den DJ Nosi bis spéit an d‘Nuecht d’Stëmmung am Zelt wäert maachen!

Ticketen - sold out!

Dëst Joer ginn Ticketen vum De Studentebal just online als Virverkaf verkaf!

Am Moment si leider all eis Tickete vergraff. Et wäert keng Oweskeess ginn!

Vue dass wéinst der aktueller COVID-19 Pandemie d’Unzuel u Léit begrenzt sinn, sinn och Tickete begrenzt.

Spillt elo hei mat a gewannt e Studentebal-Package mat ënnert anerem 2 Entréeë fir op de Studentebal a ville weidere coole Gadgets.

Axxess Kaart

Fir déi Leit, déi eng Axxess Kaart bei an der Bongekeess an der Entrée vum Haaptzelt kënne virweisen, ginn et wéi déi läscht Jore Gedrénksbongen am Wäert vun 2€.

Happy Hour

Dir sidd ee schlaue Fuuss, da kommt éischter op de Bal : Vun 20-22h ass Happy Hour!

Facebook Event

Weider Informatiounen an Neiegkeeten zum Bal fannt dir op der Facebook-Page vun der ACEL oder um Facebook-Event. Do kënnt dir ënner anerem Entréesticketen a Gedrénksbonge gewannen. Also schnell liken an net är Chance verpassen: ACEL – de Studentevertrieder.

Stänn

Hei fann dir eng Lëscht mat all de Cercle déi bei der Editioun 2021 um Studentebal vertruede sinn, zesumme mat hirem Special Drink:

  • ALUS Stroossbuerg: Hot Lion; AELK Karlsruhe: Tequila; SLUF Freiburg: Schwarzwälder Caipi
  • AELP Paräis: Limoncello Spritz; Letz’Aix Aix-en-Provence:Ex op Aix; LSWü Würzburg: Lillet Wild Berry
  • CELB Bréissel: Bombe Bleue; LESTLE Léck: Peket Shot; GDL Louvain la neuve:Ice Tea Korn
  • LSD Düsseldorf: LSD Shot; LSH Heidelberg: Melounenschnaps; ALESONTIA Bonn: Tingelmingel
  • LSM München: Blue Seppl Shot; LSC Köln: Gin&Tonic; AVL Oochen: Campari-O
  • LSW Wien: Hugo; VLIB Berlin: Berliner Luft; LSI Innsbruck: Almmojito
  • LSS Saarbrécken: Saar Sun; LSNL Holland:Flying Dutchman; LST Tréier: KoMa
  • aACEL Amicale: Picon
  • LSK Kaiserslautern: Grillstand

Kuckt hei den Aftermovie vum Stedentebal 2019

RTL

D'Lara, d'Polina, den Tim an d'Lynn vun der Organisatioun / © Eldoradio

Replay vum Interview:

Lauschter hei den éischten deel!
Lauschter hei den zweeten deel!

Video-Replay vum Interview:

Fotoen aus der Sendung: