
© Eldoradio / Freepik
Och dëst Joer ass den 31. Oktober erëm déi grouss Eldoradio Halloween Party an de Rives de Clausen mam Thema: Dia de los Muertos!
Eldoradio, lalux, Spuerkeess an Orange invitéieren nees op déi gréissten Halloween Party hei am Land!
Dia de los Muertos @ Rives de Clausen
Sonndes, den 31. Oktober feiere mir vu 17 Auer un zesummen am Haff an an all de Lokaler vun de Rives de Clausen d'Fest vun den Doudegen!

© tenor.com
Profitéiert vu fräiem Entrée & fräier Nuecht! Den Dag drop ass Feierdag, do gëtt ausgeschlof!
Verschidden Ambiancen - eng riseg Party!

Den Ben vun der Organisatioun / © Eldoradio
Replay vum Interview:
Video-Replay vum Interview:
Fotoen aus der Sendung:
CovidCheck-Event
D'Entrée vun der Halloween Party ass bei der Sortie vum Parking Souterrain vun der Rives de Clausen. Do ass och de CovidCheck, wou ee virweist, dass een entweder geimpft, geheelt, genesen ass oder en zertifiéierten, negativen Test dobäi huet. Op der Plaz ginn et keng Schnelltester.

© Eldoradio / Screenshot Google Maps
Gratis Busnavetten
Natierlech fuere Sonndes, den 31. Oktober vun 21h bis 4h och gratis Busnavetten.
Départ ass um klenge Glacis. D'Navette fueren all 10 Minutten.
Stresst iech also net, fir mam Auto bis a Clausen ze fueren a vergeblech no enger Parkplaz ze sichen.
Huelt gemittlech um Glacis eis gratis Halloween-Navette, déi iech vum Glacis aus erof a Clausen an no der Halloween-Party och erëm zeréck bréngt.

Hues du ee coolen Halloween-Look?
Da komm op den Eldo-Stand a looss dech zesumme mat denge Frënn an eiser Fotolounge knipsen!
Dee beschten, grujelegste Kostüm oder Maquillage gëtt natierlech belount!
Feiert zesumme mat Eldoradio op der gréisster Halloween Party am Land!
Gewann e Concommatiounsbong am Wäert vu 50€
Schreif dech hei an a gewann mat Chance e 50€ Consommatiounsbong fir op der Dia de los Muertos auszeginn.
Déi Bonge kënnen an engem vu folgende Lokaler ageléist ginn:
- Brauerei (Big Beer Company)
- Ikki
- Jakob’s House
- Rock Box
- Schamrock
- Star’s Bar
- Schapp
- Zap Schoul
- Zulu Blanc