
De lëtzebuergeschen DJ huet seng neiste Single released.
Nodeems mer déi lescht Wochen dem lëtzebuergeschen DJ Waztoo seng Single "Low Lights" héieren hunn, ass hien elo zeréck mat engem neie Lidd. Dëst huet hien am Event Navigator beim Wulli & Se7en exklusiv presentéiert!
Fir d'Single "Better Know" huet den DJ mat enger Sängerin vu Miami zesummegeschafft déi awer och scho mat Museker wéi dem DJ Chuckie, YellowClaw oder Afrojack zesummegesongen huet.
D'Single kennt och bei engem internationale Label eraus a kann ob allen bekannte Streaming-Portale gelauschtert ginn.
An der Single "Better Know" well de Waztoo dovunner schwätzen, wéi et ass wann een eng Persoun säit Jore kent an dëser dann och vertraut vue dass een immens vill Saachen zesummen erliewen huet. Trotzdeem kann et awer sinn dass een sech bëssen auserneegelieft an d'Frëndschaft ausenee brécht. Déi grouss Fro ass dann, ob déi Frëndschaft vun zwou Säiten oprechtgehaale gett oder net.