Et gëtt se elo schonn zanter enger Zäitchen, a se hunn sech gutt etabléiert...
Riets geet vun de Foodsharing Events zu Lëtzebuerg. D'Annick Feipel, Representante vun den Distribution Days kënnt en Donneschden bei de Wulli an de Studio fir iwwert e.a. folgend Punkten ze schwätzen:
- déi aktuell Distribution Days Events mat Datum an Uertschaften
- d'Konzept selwer
- den Oflaf sur Place
- d'Foodsharing Points
- d'Benevolat vun de villen Foodsavers
- och iwwert d'Feierdeeg goufen Events organiséiert
- ëmmer méi Leit maache mat, och iwwer Internet
- d'Covid-Mesuren

Virum Foodsharing Event zu Jonglënster (Mëttwochs) / © Eldoradio
Eleng zu Lëtzebuerg kommen all Joer +-118 Kilo pro Persoun an d’Poubelle. Dës Liewensmëttel enthalen awer wäertvoll Ressourcen, Aarbechtszäiten souwéi oft laang Transportstroossen a Suen.
Iessen retten ass en Thema, wat jiddereen betrëfft, dofir hëlleft och Dir, a rett Iessen virun der Poubelle!

D' Annick Feipel vun Foodsharing Luxembourg / © Eldoradio
Replay vum Interview:
Video-Replay vum Interview:
Fotoen aus der Sendung: