
© N.N., Viktor Flumé, Ryan Jay
Vum 26. Juni bis de 16. Juli ass eng weider Editioun vum Festival zu Wolz.
Festival de Wiltz
De Festival zu Wolz gehéiert zu deene bekanntsten an eelste Festivallen zu Lëtzebuerg. Am Joer 2022 gëtt de Festival vu Wolz dann och 70 Joer al an dofir hunn d'Organisateure rëm ee ganz spezielle Line-Up op d'Been gestallt.
Dat ganzt wäert vum 26. Juni bis de 16. Juli daueren a fënnt am Amphitheater beim Wëlzer Schlass statt.
Am ganze sinn 7 Concerten geplangt vu klassescher Musek bis zu grousse Rock-Pop Bands.
Hei dann de ganze Programm
- 26. Juni 2022: Die lustige Witwe
- 1. Juli 22022: Mando Diao
- 3 & 4 Juli 2022: Das Dschungelbuch
- 6. Juli 2022: LP
- 8. Juli 2022: Passenger
- 9. Juli 2022: Weeltzer Musek
- 16. Juli 2022: Gipsy Kings
Passenger @ Festival de Wiltz
- de Concert ass den 8. Juli um 19 Auer
- Ticketen: 42,80 € / Kulturpass: 1,50 € (begrenzten Unzuel un Ticketen)
- de Virverkaf leeft iwwert den Atelier
- oder iwwert den Ticketshop vum Festival de Wiltz
Mando Diao @ Festival de Wiltz
- de Concert ass den 1. Juli um 19 Auer (Virband: TUYS)
- Ticketen: 41,70 € / Gruppen 10+: -10% / Kulturpass: 1,50 € (begrenzten Unzuel un Ticketen)
- de Virverkaf leeft iwwert den Atelier
- oder iwwert den Ticketshop vum Festival de Wiltz
LP @ Festival de Wiltz
- de Concert ass den 6. Juli um 19 Auer
- Ticketen: 39 € / Early Bird: 33 € / Kulturpass: 1,50 € (begrenzten Unzuel un Ticketen)
- de Virverkaf leeft iwwert den Atelier
- oder iwwert den Ticketshop vum Festival de Wiltz
Gewannt är Ticketen
Schreift iech hei an a gewannt mat Chance eng Koppel Concertstickete fir op de Festival de Wiltz!

D'Katha an d'Carole vun der Organisatioun / © Eldoradio
Lauschtert hei de ganzen Interview