Mat Pauken & Trompeten!

Dëse Freideg heescht et zu Déifferdeng: HAPPY BIRTHDAY SCHRÄINEREI!

Um 17 Auer geet et lass, an dat direkt mat enger HAPPY HOUR.
A well 2 Happy Hours besser sinn ewéi eng, gëtt et méi spéit nach eng Happy Hour!

Musikalesche Menü

Live Musek gëtt et vum

  • Sheran's Ed vun Déifferdeng de Joel Marques
  • a vun der Hunnegstrëpp

Duerno geet d'Party mam Dany Gold weider bis an d'Nuecht eran.

Gewënnspill

Schreift iech elo hei an a gewannt e Consommatiounsbong vu 50€ fir dëse Freideg an der Schräinerei matzefeieren.

Lauschtert hei de ganzen Interview:

RTL

Philippe Bernard vun der Schräinerei / © Eldoradio

Weider Informatioune fannt dir op schrainerei1535.lu an op Facebook.