
Den 26. Mee 2022 organiséiert d`Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Uewersauer de 46. Landjugenddag zu Harel.
Dagesprogramm
10:00 Jugendmass mam Här Äerzbëschof, S. Em. Jean – Claude Kard. Hollerich
11:15 Éierewäin zu Harel am Sall
12:00 Mëttegiessen a Startschoss vum Rallye
15:30 Concert
De ganzen Dag ass Kanneranimatioun fir déi Kleng an eng Kaffisstuff fir déi grouss. Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag gesuergt.
Nom Rallye – Dekanatsspill fir déi 7 Lëtzebuerger Landjugenden.
22:00 Präisiwwerreechung mat Bal.
Detailer
D`Umeldung ass den Dag selwer ob der Haaptplaz um Parking vun der Regionalschoul Uewersauer. Ee Mëttegiessen an ee Gadget sinn an dem Präis mat abegraff.
D’Umeldung kascht 20€/Persoun. Eng Equipe besteet aus min 4 Leit.
Et sinn insgesamt 5 Spiller. Waasser ass op de Spiller net onméiglech, bréngt dowéinst eng Schwammbox an dréche Kleeder mat.
De Rallye ass ongeféier 7 km laang an ass gutt mat der Kannerkutsch ze meeschteren.
Deen ganzen Wee ass fir Iessen an Gedrénks gesuergt.
Halt iech den 26. Mee 2022 also onbedéngt fräi an vergiesst op kee Fall den 27. Mee Congé ze froen.
Lauschtert hei de ganzen Interview:

De Charel, d'Anne an de Misch / © Eldoradio