Mat der neier Single "Temptation" ginn et definitiv Festival Vibes op d'Oueren.

Den Darcy Dias alias DASIC huet virun e puer Joer ugefaange selwer elektronesch Musek ze maachen, vue dass hien ëmmer ee grousse Fan vun dëser war. An der Zäit huet hien sech dann och ganz vill sëlwer bäibruecht, wéi zum Beispill och d'Produktioun vun Tracks.

2019 koum säin éischten eegenen Track "Your Way" eraus. Säin Duerchbroch konnt den DASIC dann awer mat senger Single "Till The Sun Goes Down" zesumme mam VDG a Bianca Cerminara feieren.

Elo am Joer 2022 ass hien zeréck mat senger neister Single "Temptation" déi hie mam lëtzebuergeschen DJ Flex Diamond an der Sängerin Barkissa released huet.

An der Single geet et dorëms, dass een heiansdo an der Léift Verlockunge fënnt, déi engem d'Liewen nawell bësse schwéier kenne maachen. Eng ganz summerlech a groovy Single déi op kenger Party dierf méi feelen.

RTL

Den Dasic, d'Barkissa an de Flex Diamond / © Eldoradio

insta