FOOD, DRINKS, MUSIC AND MORE!🍴🍹🌴

 

Nom rise Succès vum leschte Joer, geet d'Lënster Plage zu Jonglënster an déi zweeten Editioun. E Projet wärend dem Summer 2022 am Häerz vu Jonglënster, um Parking Polyvalent Gaston Stein, op 10 Minutte vum Kierchbierg, der Autobunn A7 a 15 Minutte vun Iechternach.

Vun dënschdes bis sonndes gëtt, och dëst Joer nees, Spaass fir d‘ganz Famill gebueden. Genéisst mat Frënn a Kolleegen e summerleche Plat mat engem Glas Wäin op der iwwerdeckter Terrasse oder e Cocktail an Tapas an der Lounge, a profitéiert dobäi vun der Sonn an der beschter Musek.

Plage - Terrasse - Restaurant - Lounge

Vun elo un bis den 31. Juli The Place To Be fir de Summer.

RTL

© Lënster Plage

Praktesch Informatiounen

  • vum 1. Juni - 31. Juli 2022
  • dënschdes bis sonndes vun 11 bis 22 Auer (méindes ass zou)
  • um Parking vum Centre Polyvalent Gaston Stein, Jonglënster
  • d'Entrée ass gratis

Weider Informatioune fannt dir op www.lensterplage.lu

RTL

© Lënster Plage


Programm

mëttwochs
18h - 21h SUNSETTER Live Acts

donneschdes
vu 17h un AFTERWORK

freides
FREAKY FRIDAY

samschdes
15h - 22h ELDO BEACH CLUB - The place to chill

sonndes
11h - 14h BRUNCH (op Reservatioun)

Aner Datumer fir ze verhalen

23/06 Nationalfeierdag op der Plage
26/06 Latino Beach featuring Melusina
10/07 Best of Beach Tunes mam DJ Tony & DJ AL
24/07 90s Beach featuring Melusina

Reservéiert ären Dësch fir z'iessen online op www.lensterplage.lu oder per Telefon um (+352) 621 599 841

RTL

© Lënster Plage

Lauschtert hei de ganzen Interview

RTL

De Jérôme vun der Lënster Plage

Gewënnspill

Schreift iech elo hei an & gewannt mat Chance Consommatiounsbongen fir op d'Lënster Plage.