
Donneschdes ass de Rendezvous zu Diddeleng ...
An dat direkt op 2 Plazen!
Afterwork zu Diddeleng - Donneschdes steet Diddeleng am Zeeche vum Afterwork!
Bis an de September eran invitéieren dech all Donneschden d'Gemeng Diddeleng an den CNA (Centre National de l'Audiovisuel) op hiren Afterwork!
Um 17 Auer geet et lass am Häerze vun Diddeleng, op der Plaz am Duerf, mam Afterwork Plage am Duerf. Um Programm: Beach-Feeling an DJ Sets.
A vun 19 Auer un a bis an d'Nuecht eran heescht et SoSoSummer virum Pomhouse beim CNA mat live Musek, Bar mat Restauratioun, Accès op d'Ausstellung "Stëmme vun der Schmelz" an op de Waaassertuerm mat Panorama-Aussiicht op ganz Diddeleng.
Méi Infoen op Facebook.
De Steve war beim Wulli am Interview mat allen Infos, lauschtert hei de Replay: