
© Eldoradio
De Start vun der 16. Editioun vum Sudstroum escher kulturlaf ass dëse Samschdeg, den 3. September 2022.
Dëst Joer kann een tëschent 3 Distanzen wielen. Déi klassesch Distanze vum Sudstroum escher kulturlaf: 10 miles an 10 km. Ganz speziell am Kader vun der Kulturhaaptstadt Esch 2022 kann een och en Hallefmarathon lafen!
Praktesch Informatiounen
All Strecke starten op der Gemengeplatz am Zentrum vun Esch-Uelzecht:
16 Auer: Sudenergie Mini-Kulturlaf (1 km fir déi kléng)
17.45 Auer: 10 Miles an Hallefmarathon
18.00 Auer: 10 km
D’Arrivée ass um Site vun Arbed Esch-Schëffleng beim Bâtiment4 (Domaine Schlassgoart) zu Esch-Uelzecht. Hei fënnt och de Gewënnerpodium an „Nuit de la culture“ statt.
De Parcours vum „Sudstroum escher kulturlaf“ féiert net nëmme laanscht verschidde kulturell Site vun der Stad. Museker a Museksgruppe spillen och op Podiumen an natierlech Emplacementer laanscht de Parcours an dat virun, wärend an no der Course.
D’Vestiairen an d’Dusche vum Stade Emile Mayrisch si fir d’Leefer disponibel. No der Course fiert eng Navette permanent tëschent der Arrivée an dem Stade Emile Mayrisch.
Dossard
D’Leefer kënnen hiren Dossard ofhuelen:
Freides, de 2. September, vu 16 bis 20 Auer
Samschdes, de 3. September, vun 11 bis 17 Auer
Adress:
Gebai 4 (Domaine Schlassgoart)
66, rue de Luxembourg
L-4149 Esch-sur-Alzette
Zu deem Zäitpunkt sinn och nach lescht Aschréiwungen sur place méiglech.
Weider Informatioune ginn et op kulturlaf.lu