D'Summerpaus ass eriwwer an d'Fabrik gëtt nees Gaas mam DJ Dee!

Wann d'Zelter um Glacis ofgeriicht ginn, de rouden Teppech agerullt gëtt, da kann een zu Miersch endlech erëm Danzschong aus dem Schaf huelen. Dëse Freiden heescht et endlech erëm an der Fabrik: "Miersch danzt nees" mam DJ Dee.

Wéi gewinnt kënnt dir Iech virdru mat regionale Produiten aus eiser Kichen stäerken. Reservéiert ären Dësch op Fabrik.lu. Mir gesinn eis de Freiden an der Fabrik zu Miersch wa Miersch nees danzt an dat bis 3 Auer.

Dëse Freideg zu Miersch an der Fabrik. Clubbing vun 22.30 Auer un.

D'Entrée ass gratis, vun 18 Joer un.

Weider Infoe ginn et op Facebook.

RTL

De Max vun der Fabrik

Lauschtert hei nach eemol de ganzen Interview:

Interview

Gewënnspill

Schreift iech elo hei an & gewannt mat Chance e Consommatiounsbong am Wäert vu 50€ fir dëse Freideg.