Dëse Samschdeg ass et sou wäit!

Wikingerschach on the beach zu Nidderfeelen um Beachterrain, organiséiert vum Feelener Dëschtennis an der Sportsdeddessen a.s.b.l., ass e flott Familljenevent mat Kompetitiounscharakter.

Wikingerschach ass eng nei Trendsportaart, déi mir probéiere méi bekannt ze maachen.

Et huet näischt mat Schach ze dinn, mee ass vill méi e Worfspill mat Holzbengele wou et drëms geet, Holzklätz ofzeschéissen (och "Baueren" genannt). Zum Schluss huet dee gewonnen, deen de Kinnek emgehäit.

"Kubb" (ënnert deem Numm ass Wikingerschacham Ausland méi bekannt) ass ee Community-Sport, deen ëmmer méi opkënnt. Et geet drëms, an enger relaxer Ambiance mat de Kolleegen e puer flott Stonnen ze verbréngen, niewebäi begeeschtert permanent dee klenge, sportlechen Challenge.

Et ass ee Spill fir Grouss a Kleng an ass ganz einfach ze spillen. De Spaass an eng gutt Ambiance si garantéiert!

Gesicht gëtt de lëtzebuerger Champion am Wikingerschach op Sand, deen dann de Wanderpokal fir ee Joer kritt a säin Titel nächst Joer erëm verdeedege muss. Natierlech ginn et och vill flott Präisser ze gewannen.

Praktesch Informatiounen

  • Wéini? Samschdeg, de 17. September 2022
  • Wou? Um neie Beachvolleyballsterrain zu Nidderfeelen bei der Sportshal
  • Präis? Virumeldung : 30€/Équipe (35€ den Dag selwer) | 10€ vun all Umeldung si fir e gudden Zweck
  • Wéi gëtt gespillt? Eng Ekipp besteet aus 2-3 Leit
  • Wat gëtt soss gebueden? Sprangschlass fir d'Kanner, Iessen, Gedrénks & Animatioun

Weider Infoe fannt dir op wikingerschach.lu an op Facebook.

© Sportsdeddessen a.s.b.l.

Programm

  • 10 bis 10.30 Auer Umellungen
  • 11 Auer éischte Match
  • 18 Auer Finall

Umellen

D'Plaze si limitéiert. Hei kënnt dir är Ekipp umellen.

Gewënnspill

Schreift iech elo hei an & gewannt mat Chance e Consommatiounsbong am Wäert vu 35€ fir de Wikingerschach on the beach.

Aftermovie 2019

Kuckt hei den Aftermovie vun 2019.

RTL

Den Larry an den Eug vun der Organisatioun / © Eldoradio

Lauschtert hei de Reportage!

Fotoen aus der Sendung: