De 24. September ass et nees esou wäit: d’Fondatioun Kriibskrank Kanner lued op dei 5. Editioun vun hierem solidareschen Laf an.

Schreift Iech an, a laaft oder treppelt mat, oder maacht einfach eng Spend! All gesammelten Euro geet direct an d’Fuerschung fir nei, innovatif Medikamenter géint den Kannerkriibs ze fannen. Zesummen hu mer Ziel dat mei Kanner iwwerliewen an hinnen eng besser Liewensqualitéit gebueden.

Sidd mat dobai an hellefe mer zesummen de Kannerkriibs ze bekämpfen.

Praktesch Informatiounen

  • Wou? Op der Kockelscheier
  • Wéini? Samschdes, de 24. September 2022
  • Distanzen? 1.5km, 5km, 10km

Weider Informatioune fannt dir op letzgogold.lu an op Facebook.

Umellen

Mellt iech oder är Ekipp elo hei un.

Programm

  • 9 Auer Ouverture vum LËTZ GO GOLD Village, Accueil, Ofhuele vun den Dossarden, Start vun de verschiddenen Animatiounen, Food-Trucks
  • 10.30 Auer Offiziellen Accueil & gemeinsaamt Opwiermen
  • 11 Auer Start vun der Course
  • 12 Auer Gemeinsaamt Stretchen
  • 12.15 Auer Podium, Schweigeminutt, Check-Iwwerreechung
  • 13.15 Auer Ofschlossconcert
  • 14 Auer Schluss

Lauschtert hei de Reportage!