E Sonndeg, de 25. September ass déi 59. Editioun vun der ING Route du Vin.

Op engem neie Parcours geet et zu Réimech, Schengen a Stadtbriedemes laanscht d'Musel. Ausserdeem stinn nieft der traditioneller Semi-Marathon-Distanz vun 21 Kilometer zwou nei Distanzen um Programm: 5 & 10 Kilometer.

Route du Vin 2022

Dëst Joer starten d'Leefer zu Réimech a Richtung Stadtbriedemes, lafen dann erëm duerch Réimech a Richtung Schengen a kommen da schliisslech erëm zu Réimech un.

Eng grouss Neiheet fir dës Editioun ass och d'Aféierung vun enger 5 km laanger an enger 10 km laanger, homologéierter Streck.

Déi bescht Laf-Ambiance mat Museker laanscht de Parcours, Animatioun an och Kaddoen zu Réimech si garantéiert.

Programm

Samschdes, 24.09.2022

  • 12 bis 18 Auer: Ofhuele vun den Dossarden

Sonndes, 25.09.2022

  • 8 bis 9.30 Auer: Ofhuele vun den Dossarden 
  • 10 Auer: Start vum ING Route du Vin Hallefmarathon
  • 10 Auer: Start vum BusinessRun
  • 11.30 Auer: Start vum KidsRun (6-8 Joer) - 700m
  • 11.40 Auer: Start vum KidsRun (9-12 Joer) - 1.500m
  • 10.30 Auer: Start vum 10km-Laf
  • 10.45 Auer: Start vum 5km-Laf

Vun 12 Auer un: Präisiwwerreechung

Hei kënnt dir iech aschreiwen.

Weider Infoe fannt dir op routeduvin.lu an op Facebook.

Gewënnspill

Spill elo hei mat & gewann mat Chance 2 Participatioune fir d'Distanz vun denger Wiel dëse Sonndeg op der ING Route du Vin.

Geschicht

D'ING Route du Vin gouf 1962 gegrënnt an ass déi eelste Stroossecourse an der lëtzebuergescher Liichtathletik. Ob erfueren Athleten oder Hobbysportler, et sinn net manner ewéi 1.800 Participanten um Start vum 21,098 km laangen Hallefmarathon, deen d'Leefer laanscht d'Wéngerte vun der lëtzebuergescher Musel féiert.

RTL

Den José vun der Organisatioun / © Eldoradio

Lauschtert hei de Reportage!

Fotoen aus der Sendung: