Dësen Donneschden heescht et nees DJ Corner beim Wulli am Studio!

Ech sinn d’Anya, hu 24 Joer an studéieren momentan Communication & Public Relations op enger business school zu Barcelona. Nodeems ech mech joorelang fir elektronesch Musik begeeschtert hunn an op vill Festivals gaangen sinn fir déi bekanntesten DJs live spillen ze gesinn, hunn ech virun ongeféier 3 Joer selwer ugefaangen ze mixen. Ech hunn et laang just als Hobby gemaach a guer net reegelméisseg, mee säit ech zu Barcelona wunnen an mäin eegent Material kaaf hunn, probéieren ech sou oft wei méiglech doheem ze mixen. Virun e puer Méint hunn ech dunn endlech meng éischt gigs als DJ kritt, dorenner hunn ech am Pacha Barcelona an um LOA zu Lëtzebuerg opgeluet wou ech haaptsächlech Techhouse an Techno gespillt hunn. Soulues fänken ech un emmer mei gigs ze kréien, a mäi Plang fir dat nächst Joer ass och fir mäin eegen Lidd ze produzéieren.