Vum 1. bis den 9. Oktober dréint sech zu Diddeleng alles ronderëm d'Thema Fashion!

Den Optakt mécht dëse Samschdeg déi grouss Fashion Show am Hall Fondouq.

Fashion Show

Dëse Samschden, den 1. Oktober 2022 ass am Hall Fondouq zu Diddeleng d'Fashion Show 2022.

Lass geet et um 19 Auer.

De Programm vum Owend gëtt vum Nathalie Reuter presentéiert. Duerno start d'Fashion Show mat folgenden Designer:

      • Human Highness 
      • Francini K
      • Moajaza
      • Daniel Tarazona 
      • Egle Ozyte
      • Hermana Clothes
      • Zaady

Fir den Owend perfekt ofzeschléissen, gëtt et eng After-Party mam DJ Kevin Maas!

Séchert iech hei Ären Ticket

oder

spillt elo hei mat a gewannt eng Koppel VIP Tickete mat Iess- a Gedrénksbongen.

Fashion Week

Vum Méinden 3. bis Sonndeg 9. Oktober: Top Konditiounen, Eventer an Animatiounen ëm d’Moud am Stadzentrum, organiséiert vun der Stad Diddeleng a vum Geschäftsverband (FCAD).

Weider Informatioune fannt dir um offizielle Site vun der Luxembourg Fashion Week oder op Facebook.

RTL

De Claude an d'Fabiola vun der Organisatioun

Lauschtert hei nach eemol de ganzen Interview:

Interview 1
Interview 2