Dëse Samschdeg ass et esou wäit, dann heescht et "Palma Night" zu Lëtzebuerg!

Dësen Donneschden ass am Event Navigator eng SPECIAL Palma Night Sendung ugesot. Beim Wulli am Studio sinn den Hoffi an d'Organisateuren vun der Union Mertert Wasserbelleg mat allen Infos zum Event, Live-Interviews mat den Stars wéi Oli P, Lorenz Büffel, Hannergrond-Infos, a.v.m. Natirlech ass och déi passend Musek virgesinn.

Feiert mat am Centre Culturell zu Waasserbëlleg, wa sech déi bescht bekannte Stëmmungskanoune vun Mallorca een deem aneren de Mikro an de Grapp drécken.

Mat dobäi sinn d'Minnie Rock, Isi Glück, Lorenz Büffel, Oli P an natierlech de Mickie Krause.

Och no 10 Joer neess zeréck ob den Bünen vum Partyschlager: de Lëtzebuerger Entertainer Dieter D.

Natierlech dierf ob esou enger Veranstaltung Hoffi-Zambezi net feelen.

Nieft der Haaptbün suerge LOCAL HEROES an engem ugeglidderten Zelt fir weider gutt Stëmmung.

Fir net mussen ewéi den TGV duerch den Programm ze rennen, starte mer des aussergewéinlech Soirée scho vun 19 Auer un.

Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt duerch Leit vu der Union Mertert-Wasserbillig A.s.b.l.

Sidd mat dobäi fir den aussergewéinleche Präis vun nëmmen 18 Euro.

Ticketen, esou laang der nach do sinn, ginn et op luxtix.lu

Praktesch Infoen

  • dëse Samschdeg, 8. Oktober
  • vun 19 Auer un
  • am Centre Culturel zu Waasserbëlleg
  • fir Iessen & Gedrénks ass gesuergt

Gewënnspill

Schreif dech elo hei an & gewann eng Koppel Entréestickete fir dëse Samschdeg op d'Palma Night.