Dëse Weekend steet d'Fabrik zu Miersch ganz am Zeeche vum Oktoberfest!

Dëse Freideg a Samschdeg gëllt et, d'Lederhosen auszepaken a sech an den Dirndl ze schmäissen. An der Fabrik kann ee vun 18 Auer un net just leckert Wiesn-Iesse genéissen, mee och duerno op der Oktoberfest-Party richteg Gas ginn.

Praktesch Infoen

  • dëse Freideg & Samschdeg
  • vun 18 Auer u ginn d'Menüen zerwéiert
  • duerno (vun 23 Auer un) Oktoberfest Party
  • e Freideg mat de Gondelrocker
  • e Samschdeg mam DJ AL
  • Oweskeess 5€
  • mat Oktoberfest Kleeder (Lederhose / Dirndl) ass d'Entrée gratis
  • Entrée vun 18 Joer un

Weider Infoe fannt dir op fabrik.lu an och op Facebook.

Menü

RTL

© Fabrik

Gewënnspill

Schreif dech elo hei an & gewann mat Chance e Consommatiounsbong am Wäert vu 50€ fir op d'Oktoberfest an der Fabrik.