Dësen Donneschden heescht et nees DJ Corner beim Wulli am Studio!

RTL

© BIESEN-PHOTOGRAPHY

Virun bëssi méi wei 7 Joer huet de Leo Friedrich ugefaangen hannert de Platinne an den Lëtzebuerger Clubs, Bars a Festivaller ze stoen. D’Musek déi e spillt geet vun luesem rouegem Deep House bis op méi schnellen donkelen Melodic Techno mat industriellem Touch.

Zanter hier huet en schonn op sëllege bekannten nationalen an internationalen Clubs a Festivals d’Leit zum Danzen bruecht. Suicide Circus zu Berlin, Bootshaus zu Köln, Mauerpfeiffer zu Saarbrécken, Aerogare zu Metz oder den Weitweitweg zu Treier si just puer vun den Locations déi en a Vergaangenheet als DJ fir säin markanten Sound gebucht hunn.

ITV